Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

European Championships: Dëschtennis: Ni an De Nutte verpasse Finall, dierfe sech awer iwwer Bronze freeën

RTL

© Manfred Schillings / FLTT (Archiv)

Op der Europameeschterschaft am Dëschtennis zu München goufen d'Sarah De Nutte an d'Ni Xia Lian am Dubbel an den Halleffinallen eliminéiert.

Si verléieren hire Match géint déi rumänesch Koppel Samara/Gragoman mat 1:3 (11:6, 6:11, 9:11 a 6:11). Domadder verpassen d'Ni Xia Lian an d'Sarah De Nutte d'Finall op den Europameeschterschaften, ma dierfe sech awer iwwert d'Bronzemedail freeën.

D'Ni Xia Lian ass en Donneschdeg um 15.45 Auer nach am Eenzel am Asaz. An de 1/16-Finalle kritt d'Lëtzebuergerin et mat der Franséisin Prithika Pavade ze dinn.