Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Fouss faassen zu Lëtzebuerg: Wéi et weidergeet fir ukrainesch Refugiéen zu Lëtzebuerg um Beispill vum Hannah

Knapps 3 Méint ass et hier, datt déi éischt ukrainesch Refugiéen zu Lëtzebuerg ukomm sinn.

Vill Famillen hate sech deemools bereet erkläert, Leit opzehuelen. Mä wéi geet et duerno fir si weider.

D'Anne Wolff huet eng Fra aus der Ukrain erëm getraff.

Dass si géing an enger Maison relais um Lampertsbierg schaffen, hätt d‘Hannah Mozgovaya sech virum 24. Februar net kéinte virstellen. Vun dem Dag un huet sech hiert Liewe geännert. Duerch déi russesch Invasioun huet si mat hirer Famill missen d‘Land verloossen, Uganks Mäerz si si zu Lëtzebuerg ukomm. An der Ukrain hätt si als Journalistin, awer och mat Kanner geschafft, erzielt déi 35 Joer al Fra. Si ass selwer Mamm, hir Kanner gi well zu Lëtzebuerg an d‘Schoul. D‘Aarbecht an der Maison relais deet hir gutt: "Den Job hëlleft mir, fir dass ech net permanent d‘Noriichte kucken oder um Handy sinn, fir d‘Famill dohanne kontaktéieren. Ech schaffe mat de Kanner a si brénge mech op aner Gedanken."

Réckbléck:

Am Mäerz huet d‘Hannah Mozogvaya permanent d‘Nouvelle gekuckt an de Krich en direct matverfollegt a war immens besuergt em Famill a Bekannten an der Ukrain.  Deemools ware si an hir Famill grad zu Lëtzebuerg ukomm an hu bei enger Gaaschtfamill gewunnt.

3 Méint méi spéit ass de Krich nach ëmmer present an nuets halen d‘Gedanken un d‘Famill doheem waakreg. Trotzdeem kann d‘Famill sech elo och op hiert Liewen zu Lëtzebuerg konzentréieren. Ob si zeréck wëllen, ass nach ongewëss, erzielt d‘Hannah:

Wann d‘Fro elo wier, ob mir an engem séchere Lëtzebuerg oder an enger sécherer Ukrain wunne wëlle. Wier dat anescht. Mee sou. Et si Leit mat Waffen a mäin Haus komm. Et ass ze fréi fir dat ze soen.

D‘Famill kënnt aus der Géigend ëm Kiew.

Grad wéi d‘Hannah huet och hier Schwéiesch d‘Maria mëttlerweil eng Aarbecht am edukative Beräich fonnt. Fir hire  Mann ass et am Moment nach méi schwiereg, erzielt d‘Hannnah. Hie géing manner gutt Englesch schwätzen.  D‘Famill Mozgovaya wunnt och mëttlerweil eleng.

Hiert neit Doheem ass zwar fir d‘Famill och nëmmen eng Léisung op Zäit. D‘Wunneng krute si  iwwert d‘Gaaschtfamill vermëttelt fir näischt.  Am September musse si dann awer eng eege Wunneng fannen. Trotzdeem ass d‘Situatioun fir si elo besser:

Déi éischt Deeg, wéi de Krich ugefaangen huet a mir heihi komm sinn, ware mir total verluer. Mir hunn eis wéi an engem Vide gefillt. Elo kann ech soen, mir hu rëm e Liewen. Mir wësse wat mer maache sollen an dat ass immens wichteg.

Fir sech am Land ze integréieren, ass d‘Sprooch e wichtege Facteur, fënnt d‘Hannah Mozgovaya. Si léiert fir d‘éischt Franséisch. Wa si bis den Niveau A2 erreecht hätt, ass duerno awer och Lëtzebuergesch um Programm.

Bis Dezember huet déi Jonk Fra elo mol e feste Kontrakt an der Maison relais fir 25 Stonnen d’Woch. D’Demande ass den übleche Wee gaangen, erkläert d’Directrice Manola Pau. Si hätten och Leit gebraucht, fir déi nei Schülerinnen a Schüler aus der Ukrain kënnen ze accueilléieren.

D‘Hannah plangt mëttlerweil hiert Liewen hei, e Stéck Ongewëssheet bleift awer.