Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Frankräich: Zwou Persounen no mysteriéisen Nol-Attacke festgeholl

Zanter Ufanks dës Jores heefe sech a Frankräich Ugrëff mat Nolen an änleche spatze Géigestänn. Elo sinn an deem Kader zwou Persounen inhaftéiert ginn.

Op der Plage zu Toulon a Südfrankräich soll een 20 Joer ale Verdächtegen e Freideg den Owend bei engem Concert Visiteure mat denger Nol oder enger Sprëtz gepickt hunn. Eng 20 Leit hu sech bei der Police gemellt, nodeems si esou blesséiert gi sinn. Zwou Frae konnten de Verdächtegen identifizéieren, esou datt hien e Sonndeg konnt festgeholl ginn.

Bei den Attacke war op der Plage Panik ausgebrach, esou datt d'Police huet missten agräifen. Eng Fra misst an d'Spidol ageliwwert ginn. Dem Verdächtege gëtt schwéier Waffegewalt virgeheit.

Iwwert de Weekend gouf et a Frankräich zwee aner änlech Ugrëff. Op engem Festival zu Belfort am Oste vum Land huet eng Grupp vu jonke Leit tëscht 17 an 18 Joer uginn, mat enger Nol oder enger Sprëtz ugegraff ginn ze sinn. Am Süde vu Frankräich, zu Vic-Fezensac, goufe siwe Leit op engem Festival blesséiert. Hei konnt d'Police ee weidere Verdächtege festhuelen.

Zanter Ufank des Jores si méi ewéi 100 esou Fäll bekannt ginn. Meeschtens war d'Dot an engem Club oder op engem Festival. Affer hunn uginn, datt si bemol Iwwelzegkeet, Schwindel a Péng gespuert hunn an duerno ee roude Punkt mat engem bloe Fleck ronderëm entdeckt hunn. D'Police reit Affer, no enger Attack beim Dokter eng Bluttanalyse maachen ze loossen. Preventiv goufen enger Rei Affer och scho Medikamenter géint HIV an Hepatite verschriwwen. Vergëftungen oder Spuere vun Droge konnten awer nach néierens festgestallt ginn.