Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Geiselnam a Syrien: IS-Terrorist vu "Beatles"-Unitéit zu London festgeholl

Tëscht 2012 an 2015 hunn IS-Terroriste vun der "Beatles"-Unitéit a Syrien eng Rei Geisele gefaange gehalen. Lo gouf ee vun den Dschihadiste gepëtzt.

D'brittesch Metropolitan Police, déi fir Anti-Terror-Ermëttlungen am Vereenegte Kinnekräich zoustänneg ass, huet matgedeelt, datt den Aine Davis bei sengem Retour a Groussbritannien festgeholl gouf. Den 38 Joer ale Mann ass e presuméierten Ex-Member vun der sougenannter "Beatles"-Unitéit vun der Dschihadistemiliz Islamesche Staat. Géint hie gouf elo eng formelle Ermëttlungsprozedur wéinst terroristesche Strofdote lancéiert.

Wéi d'Medie mellen, wier den Aine Davis an der Tierkei wéinst Terrorreprochen am Prisong gewiescht. Op senger Rees aus der Tierkei zréck a Groussbritannien gouf hien du bei senger Arrivée um Londoner Fluchhafe Luton vun der brittescher Police festgeholl. Hie soll nach en Donneschdeg virum Westminster Magistrates Court zu London virgefouert ginn.

De Grupp vum Islamesche Staat soll tëscht 2012 an 2015 a Syrien op d'mannst 27 Auslänner als Geisele gehalen an e puer vun hinnen ëmbruecht hunn. Wéinst de britteschen Accente vun de Memberen hunn d'Geiselen der Unitéit den Numm "Beatles" gi gehat. Nieft den US-Journalisten James Foley a Steven Sotloff, déi ëmbruecht goufen, waren d'Geiselen aus Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien, Japan, Russland an den USA.

Am Abrëll gouf schonn de fréiere brittesche Staatsbierger Alexanda Kotey, deen och Member vun der "Beatles"-Unitéit war, zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt. D'Urteelt géint den El Shafee Elsheik, deen an den USA schëlleg gesprach gi war, soll d'nächst Woch ugekënnegt ginn. De wuel bekanntste Member vun de "Beatles" war de Britt Mohammed Emwazi, och "Jihadi John" genannt, deen 2015 bei enger Dronenattack ëm d'Liewe koum.