Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Grujeleg Decouverte zu Auckland: An de versteete Wallisse waren Iwwerreschter vun 2 Kanner dran

Eng Famill hat op enger Stee Wallisse kaaft. Wat d'Leit net woussten: an de Koffere ware mënschlech Iwwerreschter verstaut.

D'Police hat eng Enquête lancéiert, fir erauszefannen, wien d'Affer waren, déi an de Wallisse verstoppt goufen. Wéi sech erausgestallt huet, handelt et sech ëm zwee Kanner am Primärschoulsalter, sou déi neiséilännesch Police. D'Kanner waren tëscht 5 an 10 Joer al. Weider heescht et vun den Ermëttler, dass d'Läiche wuel e puer Joer laang dra geleeën hätten.

Dem Enquêteur Tofilau Faamanuia Vaaelua no hätt d'Famill eng sëllegen Objeten op der Stee kaaft. Dorënner sollen e puer Wallisse gewiescht sinn, déi si kuerz no der Auktioun bei sech heem geliwwert kruten. Doropshin hätte si déi mënschlech Iwwerreschter fonnt. D'Police geet net dovunner aus, datt déi betraffe Famill eppes mat den Iwwerreschter ze dinn huet.