Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Haislech Gewalt: Wéi kënnt een aus enger Gewaltbezéiung eraus?

Mir hunn dat beim Visavi nogefrot. Iwwerdeems krute mer Detailer iwwer d’Gewaltspiral an den Zyklus vun der Gewalt.

An enger Gewaltbezéiung fänkt et lues a lues u mat der Gewalt. Wann et net bei der psychescher Gewalt bleift, kënnt dacks och déi physesch Gewalt dobäi. Déi gëtt an der Gewaltspiral awer och nach ënnerdeelt an déi géint Objeten an déi géint de Partner, Monique Lucas, Responsabel vum Visavi:

«Et fänkt lues u mat psychescher Gewalt, oft nach léif ënner Guillemets verpaakt an dann ëmmer, ëmmer méi däitlech, ëmmer méi schlëmm, et hëlt zou. Et kënnt kierperlech Gewalt, vläicht och fir d’éischt Gewalt géint Objeten, oder sou, déi och Angscht afléissend ass, wann een d’Saachen doruechter geheit oder futti schléit, da géint Persounen, géint ee selwer a fir d’éischt vläicht e Stoussen, e Schloen, e Wiergen, och eng ganz schlëmm Form vu Gewalt, déi awer heefeg ass, ee mat Waffe verletzen, bis hin zum Homicide.»

Den Täter fänkt ebe lues mat der Gewalt un, fir d’Affer net direkt ze verjoen. Duerch d’Selbstbewosstsinn, dat ofhëlt, d’Ofhängegkeet, an déi een duerch Manipulatioun geroden ass, ass ee wéi an enger Fal an et weess ee sech selwer net ze hëllefen, fir doraus eraus ze kommen. Aner Grënn, firwat d’Affer méi laang wéi eng Persoun vu baussen brauch fir ze mierken, datt do eppes net stëmmt, ass d’Tendenz, am Ufank Aussoen als Kompliment opzehuelen a well een net déi néideg Distanz huet.

«Ech brauch dech, och dat ass eppes, wat kann e schéint Gefill sinn, gebraucht ze ginn an doduercher, dass de manipulative Partner dat seet, kritt en een och op deem Plang. Et wëll ee gebraucht ginn, dass e schéint Gefill, datt ee wichteg ass fir een an domadder jo rutscht een dann och doran an et kann een laang Zäit déi negativ Facette vun der Gewalt ausblenden, doduerch, dass een heiansdo dann eppes Positives kritt.»

Wann et engem da bis bewosst ginn ass, datt een an esou enger Gewaltbezéiung dran ass, dann ass Ënnerstëtzung vu baussen enorm wichteg. Et ass essentiell, datt ee vun der Famill oder Frënn gegleeft kritt, och wann den Täter no baussen e ganz positiivt Bild vu sech vermëttelt.

«Et ass wichteg, dass ee sech Hëllef hëlt, dass e Leit fënnt, mat deenen een driwwer schwätze kann an déi engem gleewen, well oft ass engem seng "Wahrnehmung" duerch déi psychesch Gewalt getrüübt, dass een denkt, dat muss u mir leien, hien ass jo awer esou ee Léiwen, et ka jo net sinn. Esou dass een do wierklech och gegleeft kritt an Ënnerstëtzung kritt. Wann’s du dech net gutt spiers, dann ass do eppes drun. Mengen, dat si ganz wichteg Messagen, net och du bass vläicht e bëssen empfindlech, dat sinn déi Saachen, déi net ënnerstëtzend sinn.»

Et kann ee sech och professionell Hëllef siche goen. Dëst kann een ënner anerem beim Visavi vu Femmes en détresse maachen, Monique Lucas.

«Eng Ulafstell ass de Service Visavi a wou een dann, sief dat op der Telefonspermanence schwätze kann oder och sech e Rendez-vous huelen an da mat enger Beroderin do ka kucken, wat leeft schif a menger Bezéiung, wat kann ech maachen, fir mech besser ze spieren, wat brauch ech, fir mech dovun ze léisen a wéi sinn déi eenzel Schrëtt, wat geschitt elo, wann ech fort ginn, déi do dann op verschidden Niveauen Ënnerstëtzung a Begleedung kritt. »

Hëllef brauch déi betraffe Persoun och nach no der Trennung, wann och nëmmen, fir alles ze verschaffen a fir d’Selbstbewosstsinn ze stäerken.

An engem anere Reportage gi mir och op Gewalt bei Männer an. Op www.violence.lu ass eng Lëscht mat Adresse fir Fraen, Männer respektiv Kanner, déi Gewalt erliewen.