Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Hippothérapie: Reittherapie fir 80 bis 90 Kanner d'Woch

„Wann een de Fortschrëtt vu verschiddene Patiente gesäit, ass dat heiansdo bal wéi e Wonner“, erzielt d‘Isabelle Kremer.

Si ass Ergotherapeutin a bitt bei der Association Thérapie Equestre déi sougenannten Hippothérapie un, dacks fir Patienten, déi beispillsweis am Rollstull sëtzen oder soss motoresch ageschränkt sinn.

Zanter 40 Joer bitt d‘ASBL ewell Reittherapien un. Dat gouf elo zu Monnerech gefeiert an dat an engem neie Stall. Nom Héichwaasser d‘lescht Joer huet séier missen eng nei Léisung hier, erzielt d‘Françoise Folmer, Presidentin vun der Association Thérapie Equestre: „Hei passt einfach alles, a well mir elo vill méi Plaz hunn, konnte mir eis Offer ausbauen. Mir hunn elo net méi just Päerd, mee och aner Déieren.“Kanéngercher an Hinger solle lo och a verschidden Therapien integréiert ginn. Donieft plangt de Stall, och Päerd mat gesondheetleche Problemer een doheem ze bidden.

D‘Kärgeschäft bleift awer d‘therapeutesch Aarbecht mam Päerd. Tëscht 80 an 90 Kanner d‘Woch kommen op Monnerech, fir mat hirem Päerd zesummen u sech ze schaffen. Fir dass dat gutt klappt, muss d‘Chimie tëscht Déier a Patient stëmmen, erkläert d‘Ergotherapeutin Isabelle Kremer. D‘Bindung tëscht Päerd a Patient wier och wichteg, fir d‘Sozialkompetenz vun de Kanner. Dowéinst géif gekuckt, dass si ëmmer déi selwecht Päerd kréien.

Den aacht Joer alen Tiago kënnt zanter Ufank Januar, fir u senge Konzentratiouns-a Gläichgewiichtsstéierungen ze schaffen. Duerch säin ADHS ass hie méi wibbeleg wéi aner Kanner. De Kontakt mam Päerd soll hie berouegen an him hëllefen, sech op sech ze konzentréieren. Um Päerd gëtt dann um Kierpergefill, Gläichgewiicht a Geschécklechkeet geschafft, ma de Spaassfaktor soll net ze kuerz kommen. Beim Tiago klappt dat gutt, säi Papp ass mat senge Fortschrëtter ganz zefridden.

D‘Hippotherapie ass eng Zort vu Reittherapie gouf u sech entwéckelt, fir och Patiente mat motoreschen Aschränkungen ze behandelen. Duerch déi gläichméisseg Beweegung vum Päerd schafft besonnesch d‘Beckemuskulatur mat, sou d‘Ergotherapeutin Isabelle Kremer. Zousätzlech gi Muskelgruppen trainéiert, déi am Rollstull soss am Alldag net benotzt ginn. Fir de Patient ze sécheren, sëtzt an deene Fäll den Therapeut mat um Päerd. Dat geet allerdéngs nëmme bis zu engem Gesamtgewiicht vu 70 Kilo, duerno mussen d‘Therapeute kreativ ginn.

D‘Päerd gi speziell ausgebilt, fir an all Situatioun roueg ze bléiwen. Zousätzlech gëtt et meeschtens gefouert, fir dass déi kleng Patiente sech ganz op d‘Beweegung konzentréiere kënnen.

Och wann d‘Demande no esou enger Therapie grouss ass, ginn am Moment d‘Käschte vun der Krankekeess nach net iwwerholl, bedauert d‘Françoise Folmer. Dowéinst wéilt ee sech nees mat der Krankekeess zesummesetzen, schliisslech wier d‘Hippotherapie eng Kinésbehandlung an eng Therapiestonn net geschenkt.