Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Internationale Futtball: BVB Tabelleleader, Barca klappt Sevilla a Benfica wënnt géint Porto

Bei 3 Matcher um Freideg den Owend, an 3 verschiddene Ligaen, geet 3 mol de Gewënner als Tabelleleader iwwer Nuecht an de Weekend.

Bundesliga

De BVB hat de bessere Start an de Match. No engem Feeler vum Brooks konnt de Füllkrug säin 1. Gol an der Bundesliga fir säin neie Veräin schéissen. Den nächste Feeler ass op der Säit vun de Schwaarz-Giele geschitt. Den Hummels huet de Stach gefoult an et gouf Eelefmeter, deen de Kramaric sécher verwandelt huet. Kuerz virun der Paus konnt de Marco Reus no enger Flank vum Malen den 2:1 fir de BVB markéieren.
An der zweeter Hallschent huet de Bensebaini bannent just 4 Minutten Giel (67.) an duerno Giel-Rout (71.) gesinn. D'Dortmunder waren deemno du just nach zu 10 um Terrain. D'Hoffenheimer konnten awer net vun där Iwwerzuel profitéieren. An der Nospillzäit konnt de Ryerson no enger gudder Eenzelaktioun souguer nach op 3:1 fir Dortmund erhéijen. De BVB ass deemno elo iwwer Nuecht den neien Tabelleleader an der Bundesliga.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

La Liga

Den FC Barcelona ka sech dann och nees iwwert d'Tabelleféierung freeën, dëst no enger knapper Victoire géint den FC Sevilla. Den decisive Gol huet allerdéngs kee vun de Katalane geschoss, mat et war e Selbstgol vum Sergio Ramos, deen an der 76. Minutt fir d'Decisioun gesuergt huet.

RTL

Girona oder Real Madrid kënnen den FC Barcelona awer nees vun der Tabellespëtzt verdrängen. Si spillen e Samschdeg um 18.30 Auer am direkten Duell géinteneen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Liga Portugal

Virum Match stoung den FC Porto op Plaz 2 an der Tabell a Benfica Lissabon op Plaz 3, dat mat just engem Punkt Réckstand, iwwerdeem Sporting Lissabon punktgläich mat Porto op Plaz 1 stoung. Et goung deemno an dësem Duell ëm d'Tabelleféierung an der Liga Portugal Betclic.

Porto huet iwwer 70 Minutte mussen zu 10 spillen, well de Fabio Cardoso an der 19. Minutt déi rout Kaart kritt huet. Et sollt déi eenzeg rout Kaart bleiwen, ma där gieler sinn der awer nach e sëllegen nokomm. 5 Stéck op Säit vu Porto a 4 op Säite vu Benfica.

E Gol vum Angel di Maria an der 68. Minutt huet Benfica Lissabon op d'Gewënnerspuer bruecht an doru sollt sech och bis zum Schluss näischt méi änneren.

RTL

© AFP

Benfica ass deemno elo den neien Tabelleleader a Portugal, dat zumindest bis Farense e Samschdeg doheem kéint Sporting Lissabon gespillt huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Liga Portugal