Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Internationale Futtball: Optakt-Néierlag fir Manchester United, Köln klappt Schalke

Iwwerdeems huet den Haaland Manchester City mat sengen zwee Goler zur Victoire geschoss a Leipzig ass géint Stuttgart net iwwert en 1:1 erauskomm.

Am internationale Futtballchampionnat stoung op dësem Weekend den Optakt vun der Saison 2022/23 um Programm. An der Bundesliga konnt sech ënnert anerem Köln géint Schalke behaapten, an der Premier League gouf et fir Manchester United eng Defaite géint Brighton an an der franséischer Ligue 1 konnt sech Lille dräi Punkte sécheren.

Bundesliga

An der Partie tëscht Stuttgart a Leipzig hu sech béid Ekippen d'Punkte gedeelt. Duerch e fréie Gol vum Nkunku louchen d'Gäscht fréi a Féierung an och am weidere Spillverlaf war RB déi besser Ekipp vum Terrain. No enger gudder hallwer Stonn war et dann awer den Ahamada deen d'Stuttgarter mat sengem Gol nees zréck an de Match bruecht huet. Nom Säitewiessel war den Tempo vu béiden Ekippen dann net méi sou héich a sou ass d'Partie ouni weider Goler mat engem 1:1 op en Enn gaangen.

Am éischte Match fir den neien Opsteiger Schalke gouf et eng 1:3-Defaite zu Köln. Dobäi huet et fir de Gaascht ufanks villverspriechend ausgesinn a sou louch de Ball no 10 Minutten eng éischte Kéier am Netz. Duerch eng Abseitspositioun gouf de Gol vum Zalazar allerdéngs nom Asaz vum VAR zréckgeholl. Alles an allem huet een zu Köln eng immens hëtzeg Partie gesinn, ronn 10 Minutte virun der Paus gouf et sou déi nächst Opreegung. Den Drexler hat säi Géigespiller mat der oppener Suel getraff a gouf no engem weideren Asaz vum VAR mat der Rouder Kaart vum Terrain geschéckt.
Nom Säitewiessel hunn déi Kölner da vun der Iwwerzuel profitéiert a sou stoung et no de Goler vum Kilian a Kainz gutt 30 Minutte viru Schluss 2:0. Schalke konnt am Numm vum Bülter zwar nach ee Mol tëschenzäitlech verkierzen, de Ljubicic huet dann awer 10 Minutte viru Schluss den Deckel drop gemaach.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Fir Manchester United gouf et kee gelonge Start an déi nei Saison. Virun den eegene Spectateuren am Old Trafford huet ee mat 1:2 géint Brighton de Kierzere gezunn. De Gaascht huet an der Ufanksphas Drock gemaach a konnt sech duerch zwee Goler vum Groß bannent néng Minutten direkt zwee Mol dofir belounen. Och am zweeten Duerchgang huet sech Manchester United weider schwéier gedoen. Duerch e Selbstgol ronn 20 Minutte viru Schluss konnten d'Haushären nach eng Kéier opschléissen an de Match domat nach eng Kéier spannend maachen. E weidere Gol sollt bis zum Schluss awer net méi falen a sou muss sech Manchester United zum Optakt geschloe ginn.

Beim Premier-League-Debut vum Haaland gouf et zu London direkt zwee Goler vum Norweger, déi Manchester City mat enger Victoire an déi nei Saison starte gelooss hunn. Duerch en Eelefmeter louch West Ham zur Paus a Réckstand an och nom Säitewiessel huet een de Wee an de géigneresche Gol net fonnt. Um Enn wënnt de Gaascht verdéngt mat 2:0.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1