Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (18. August) - Guy Feyder: Méi héich Präisser, ma och extrem héich Facturen: "du jamais-vu"

Esou beschreift de President vun der Landwirtschaftskammer déi aktuell Situatioun. Hie war en Donneschdeg eisen Invité vun der Redaktioun.

Et gëtt risegen Diskussiounsbedarf an eisem Secteur, an dofir ass en Agrar-Sommet och wierklech néideg. Et ass egal, wéi een et nennt, mä d'Grondfuerderung vun der Baueren-Allianz kéint ee voll deelen. Fir dass et e Succès gëtt, misst et och eng Bereetschaft am Ministère ginn, fir iwwer de Fong vun de Problemer ze schwätzen an z'agéieren. Dat sot de Guy Feyder en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

De President vun der Landwirtschaftskammer huet beschriwwen, dass d'Präisser den Ament een zweeschneidegt Schwäert sinn. D'Präisser vun Agrarproduite wieren aktuell héich. Nieft der Inflatioun an der Dréchent mat Aboussen an der Recolte kéim d'Offer einfach der Demande net no. „Mir hunn also méi héich Präisser, mee mir hunn och richteg héich Facturen ze bezuelen. Dat ass och du jamais-vu". De Bauer verdéngt also net méi, och wann de Präis beispillsweis um Liter Mëllech ferm geklommen ass. D'Aussiichte wieren och net ganz roseg. D'Experten aus der Branche géingen dovunner ausgoen, dass d'Envergure vun der Inflatiounswell sech och eréischt an de nächste Méint wäert weisen an och déi héich Energiepräisser maache Kappzerbrieches. Derbäi kéim d'Dréchent, déi de Kulture vill géif schueden. An de leschten 5 Joer hätt ee véier Saisone gehat, déi ze dréche waren. Dat wier de Klimawandel. Dofir misst den Drock um Secteur vun der Politik begleet ginn, fuerdert de Guy Feyder. Noutfalls missten et finanziell Ënnerstëtzunge ginn.

Bis ewell géing dacks vun der Politik och op d'Assurancë verwisen ginn, wann ee Pertë mécht. Mee Assurancë wieren do, fir een exzeptionelle Problem ze begleeden, mëttlerweil wier et awer een undauernde Problem. Wann d'Rechnung fir d'Baueren net méi opgeet, da géinge se ophalen an doduerch hätt een an de leschte 25 Joer d'Hallschent vun de Landwirtschaftsbetriber hei am Land verluer. D'Gesellschaft misst sech och méi dofir interesséieren, sou de President vun der Landwirtschaftskammer.

Mëttel- a laangfristeg misst ee dann och kucken, wéi eng Kulturen an Zukunft am Grand-Duché sollen ugebaut ginn, well d'Klima eben och ännert.

Invité vun der Redaktioun: Guy Feyder

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.