Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Korsika: 1 Doudesaffer an 9 schwéier Blesséierter no zolittem Stuerm

RTL

© AFP/Nicolas TUCAT

Op der Insel gouf et bis an de spéiden Donneschdegmoien eran eng Vigilance Orange mat ganz staarke Wiederen a Wandstéiss vu bis zu 224 Stonnekilometer.

Duerch de Stuerm ass op engem Camping e Bam op e Bungalow gefall, woubäi eng Persoun ëm d'Liewe komm ass. Donieft hunn d'Rettungsdéngschter eng 20 Interventioune wéinst zouene Stroosse gehat.

Am Norde goufen et zolidd Schied um Stroossereseau. Op Videoen an de soziale Medie gesäit een d'Kraaft vum Wand, esou wéi um Fluchhafen, wou ee bleche Containeren iwwert d'Landebunn fléie gesäit. Fligere sinn um Donneschdeg de Moie keng gestart.