Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Korsika: Op d'mannst 3 Doudesaffer an 12 Blesséierter no zolittem Stuerm

Op der Insel gouf et bis an de spéiden Donneschdegmoien eran eng Vigilance orange mat ganz staarke Wiederen a Wandstéiss vu bis zu 224 Stonnekilometer.

Duerch de Stuerm ass op engem Camping e Bam op e Bungalow gefall, woubäi e Meedche vun 13 Joer ëm d'Liewe komm ass. Och en Tourist vu 46 Joer gouf vun engem Bam erfaasst an ass dobäi gestuerwen. Eng 72 Joer al Fra ass gestuerwen, wéi e Strand-Prabbeli op den Daach vun hirem Auto gefall ass.

De franséischen Inneminister Gérald Darmanin huet annoncéiert, dass hien nach am Laf vum Donneschdegmëtteg op d'Insel wäert fueren. Korsika wier eréischt ganz spéit an d'Vigilance orange gesat ginn, Zäit fir sech ze preparéieren, hätt ee keng gehat, sou d'Kritik vun den Autoritéiten. Dofir waren och vill Booter eraus op d'Mier gefuer, ouni sech der Gefor bewosst ze sinn. 60 Mol hunn d'Rettungsdéngschter um Mier missten intervenéieren, well Booter ëmgekippt oder gekentert sinn. An iwwer 20 Interventiounen goufe gemaach, wéinst Beem, déi an d'Strooss gefall sinn.

Am Norde goufen et zolidd Schied um Stroossereseau. Op Videoen an de soziale Medie gesäit een d'Kraaft vum Wand, esou wéi um Fluchhafen, wou ee bleche Containeren iwwert d'Landebunn fléie gesäit. Fligere sinn um Donneschdeg de Moie keng gestart.