Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Marokko: Op d'mannst 23 Doudeger no uergem Busongléck

RTL

© AFP

De Bus soll an der Provënz Khouribga ëstlech vun der marokkanescher Stad Casablanca an enger Kéier ëmgekippt sinn. Weider 36 Mënsche goufe blesséiert.

Den accidentéierte Bus sollt d'Leit vu Casablanca an d'Regioun Ait Attab an d'Géigend vun der Stad Beni Mellal bréngen. Allerdéngs ass dësen aus bis elo nach ongekläerter Ursaach an enger Kéier ëmgekippt.

An Nordafrika a virun allem am Marokko kënnt et ëmmer nees zu Verkéiersaccidenter. Der marokkanescher Agence fir Verkéierssécherheet no géif et pro Joer am Duerchschnëtt zu 3.500 Doudegen an 12.000 Blesséierten op de Stroosse vum nordafrikanesche Land kommen. Dat wieren ongeféier 10 Doudeger den Dag.