Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Mat Fauscht a Féiss: Eng Dose Leit hu sech um fréie Samschdeg de Moien an der Stad zerklappt

RTL

© RTL Archivbild

D'Police krut géint 5 Auer e Samschdeg de Moien en Kläpperei op der Place de la Gare an der Stad gemellt.

Op der Plaz ukomm, hunn d'Beamte festgestallt, dass sech do eng Dose Leit am Gaange ware mat Fäischt a Féiss ze zerklappen. E puer hu sech duerch d'Bascht gemaach wéi se d'Police erbléckst haten.

Trotz der oniwwersiichtlecher Situatioun ass et de Poliziste gelongen, d'Streithammelen ze trennen. Duerno hätt sech d'Lag berouegt, heescht et weider.

Eng Persoun gouf liicht verwonnt an eng aner Persoun huet missen zur Ausniichterung mat op e Büro. E puer Policepatrulle waren zur Verstäerkung op der Plaz.