Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nationalkongress zu Bartreng: De Lex Delles gëtt neie Parteipresident vun der DP

Nodeems e Samschdeg d'CSV hiren Nationalkongress haten, ass d'DP e Sonndeg zesummekomm.

De Lex Delles gëtt neie Parteipresident vun der DP. D'Partei ass jo e Sonndeg de Moie fir hiren Nationalkongress zesummekomm. Fir d'Corinne Cahen ass et dee leschten un der Parteispëtzt. Si huet de Poste kuerz virun 12 Auer néiergeluecht a krut dofir eng Standing-Ovation.

Eng 300 Delegéierter waren e Sonndeg am Centre Atert zu Bartreng dobäi a konnten deen neie Bureau exécutif online iwwert dem Kongress wielen. Dobäi krut de Lex Delles als eenzege Kandidat fir de Posten vum Parteipresident 98,95 Prozent vun de Stëmmen. De Max Hahn gëtt iwwerdeems mat 91,9 Prozent neie Vizepresident virum Marc Hansen a Claude Lamberty. De ganze Reportage iwwert de Kongress vun der DP kënnt Dir den Owend am Journal um Radio an op der Télé suivéieren.