Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nations League: Kee Gewënner tëscht Däitschland an England

Béid Ekippen deele sech mat 1:1 d'Punkten. Italien ass no enger Victoire géint Ungarn Tabelleleader am Grupp 3.

En Dënschdeg den Owend ass et an der Nations League mam 2. Spilldag weidergaangen.

An der Liga A gouf et an der Partie tëscht Däitschland an England en 1:1-Remis an am anere Match gouf et fir Italien eng verdéngten 2:1-Victoire géint Ungarn. An de weidere Matcher vum Owend konnte sech iwwerdeems Finnland, Bosnien-Herzegowina an d'Tierkei déi dräi Punkte sécheren.

Liga A

D'Resuméë vun de Matcher aus der Liga A.

Däitschland an England hu sech mat 1:1 getrennt a fir Italien gouf et eng 2:1- Victoire géint Ungarn.

Däitschland ass besser an de Match komm, ma och England war no den éischte fënnef Minutte genau sou gutt un der Partie bedeelegt. An der 23. Minutt louch de Ball dann duerch den Hofmann eng éischte Kéier am Gol vun de Gäscht, nom Asaz vum Videoarbitter ass et op Grond vun enger Abseitspositioun vum Däitschen awer weider beim 0:0 bliwwen. An der Allianz Arena zu München ass et hin an hir gaangen, virun der Paus sollt awer kee Gol méi an der Allianz Arena zu München falen.

Am zweeten Duerchgang huet de Gol dann awer net laang op sech waarde gelooss. Duerch de Jonas Hofmann sinn déi Däitsch an der 51. Minutt a Féierung gaangen. D'Partie war am weidere Spillverlaf trotz dem 1:0 weider oppen, dat well England net opginn huet. D'Beméiunge vun den Three Lions sollte kuerz viru Schluss dann och belount ginn. Nodeems den Arbitter op den Eelefmeterpunkt gewisen hat, huet sech den Harry Kane d'Chance net huele gelooss a vum Punkt an der 88. Minutt nach op 1:1 ausgeglach.

Italien huet sech vun Ufank engagéiert gewisen an d'Kontroll iwwert de Match séier iwwerholl. No zwou Minutte gouf et sou schonn déi éischt Chance duerch de Mancini, deen no engem Corner fräi zum Kappball komm ass. Virun allem an den Zweekämpf huet sech d'Azzuri besser geschloen. Dësen Drock aus den éischte Minutte ass mat der Zäit e Stéck méi schwaach ginn, wat dozou gefouert datt och Ungarn sech méi traue konnt. Den éischte Gol vum Match ass no enger hallwer Stonn fir d'Italiener gefall. No engem staarken Zesummespill konnt de Barella op 1:0 setzen. D'Féierung huet d'Haushäre weider motivéiert a sou war den zweete Gol nëmmen eng Fro vun der Zäit. An der 45. Minutt huet de Pellegrini dofir gesuergt datt Italien mat enger verdéngter 2:0-Féierung an d'Paus gaangen ass.

Nom Säitewiessel war Ungarn da besser am Match, och wann Italien weider d'Kontroll net ofginn huet. 30 Minutte viru Schluss konnten d'Gäscht da verkierzen wéi de Mancini de Ball onglécklech an den eegene Gol geschoss huet. Dat sollt awer net méi duergoe fir um Enn ee Punkt matzehuelen a sou bleiwen déi dräi Punkte bei den Italiener.

Liga B

Déi bescht Zeenen aus dem Match Bosnien-Herzegowina géint Rumänien

Liga C


0:1 Sinik (2'), 0:2 Sinik (14'), Dursun (56'), 0:4 Dursun (81'), 0:5 Akgün (89'), 0:6 Dervisoglu (90')

Am anere Match vum Lëtzebuerger Grupp huet d'Tierkei näischt ubrenne gelooss a mat enger 2:0-Victoire de Match fir sech entscheet. Zwee Goler vum Sinik hu scho virun der Paus fir eng kleng Virentscheedung gesuergt. Och nom Säitewiessel ware si déi besser Ekipp. No weidere Goler vum Dursun, Akgün an Dervisoglu séchert d'Tierkei um Enn déi nächst dräi Punkten a kënnt sou ongeschloen e Samschdeg an de Stade de Luxembourg.