Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nations League: Lëtzebuerg verléiert mat 0:2 géint Tierkei

Am ausverkaafte Stade de Luxembourg huet Lëtzebuerg sech an der 2. Hallschent gesteigert, um Enn awer verdéngt géint d'Tierkei de Kierzere gezunn.

Fir déi lëtzebuergesch Futtballnationalekipp stoung um Samschdeg den Owend den drëtte Spilldag an der Nations League um Programm.

D'Tierkei huet um Enn verdéngt mat 2:0 géint d'Rout Léiwe gewonnen. D'Gäscht hunn et de Lëtzebuerger vun Ufank u schwéier gemaach. No puer geféierleche Chancen ass d'Ekipp vum Stefan Kuntz an der 37. Minutt duerch en Eelefmeter a Féierung gaangen. No der Paus ass Lëtzebuerg besser an de Match komm an hate Pech, dass den Arbitter den 1:1-Ausgläich wéinst engem Feeler zréckgepaff huet. Op der anerer Säit huet den Dursun no engem individuelle Feeler vum Carlson d'Partie definitiv entscheet. D'Tierkei huet no 3 Matcher de Maximum vu 9 Punkten, d'Rout Léiwen hunn der weiderhi 6.

De Resumé vum Match

Virum Match goufen de Christopher Martins an de Maxime Chanot fir hire 50. Match an der Nationalekipp geéiert.

Um Terrain huet de Luc Holtz mat de selwechte Spiller wéi bei der Victoire géint d'Färöer Inselen ugefaangen. D'Tierkei ass vun Ufank u fréi ugelaf an huet Lëtzebuerg ënner Drock gesat. D'Rout Léiwen hu probéiert Struktur an den Opbau ze kréien, haten awer Problemer de Ball an den eegene Reien ze halen. No 10 Minutten huet de Moris seng éischt Parad no engem schéine Kappball vum Söyüncü misse weisen. Kuerz drop gouf den Dervisogu am Strofraum an Déift geschéckt, krut de Ball awer aus spatzem Wénkel net geféierlech op de Gol bruecht.

No der Véierelsstonn ass Lëtzebuerg besser an de Match komm. De Carlson huet et no engem Corner mat engem Wäitschoss probéiert, de Schoss war awer net cadréiert. Nodeems d'Partie wéinst engem gebrachene Cornerfändel huet missen ënnerbrach ginn, hat d'Tierkei déi beschte Chance. Den Dervisoglu huet am Strofraum probéiert de Moris auszespillen, de Golkipp huet de Stiermer awer erfollegräich um Schoss gehënnert.

No 35 Minutte gouf et Eelefmeter fir d'Gäscht. De Barreiro war no engem Kappball vum Söyüncü mat der Hand un de Ball komm. Den Calhanoglu huet sécher verwandelt.

An der Suite ass de Match méi roueg ginn, d'Heemekipp huet probéiert no vir ze spillen. Et huet oft un der leschter Pass gefeelt, fir geféierlech virun de Gol ze kommen.

No der Paus sinn d'Tierke weider um Drécker bliwwen. An der 51. Minutt huet de Moris mat zwou gudde Paraden den 2. Gol fir d'Gäscht verhënnert. 4 Minutte méi spéit huet de Chanot no engem laange Ball an Déift in extremis misse retten.

No den Awiesslunge vum Sébastien a Vincent Thill sinn d'Rout Léiwe besser an de Match komm. An der 66. Minutt haten se och nach Pech. No engem Aworf huet den tierkeschen Ofwierspiller de Ball an den eegene Filet geschoss. Den Arbitter hat awer wéinst engem Feeler vum Vincent Thill de Gol zréckgepaff. D'Gäscht ware veronséchert, mee d'Heemekipp huet sech keng kloer Golchancen erausgespillt. An der 72. Minutt ass e Kappball vum Rodrigues laanscht de Gol gaangen.

Aus dem Näischt hunn d'Gäscht op 2:0 erhéicht. De Carlson huet de Ball virum Gol verluer an den Dursun huet de Ball an de Gol geschoss. D'Tierkei huet sech elo zréckgezunn a bei der Heemekipp huet d'Moral gefeelt, fir nach eng Kéier erunzekommen. Um Enn hunn d'Rout Léiwen an der 2. Hallschent gutt matgehalen, et sollt awer bei der 0:2-Defaite bleiwen.

D'Resultater an d'Statistike vun all de Matcher