Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nei Etüd vun der Uni.lu: Sozioekonomesch Facteure spillen eng Roll bei Alzheimer

Enger neier Etüd no kënnen Alzheimer an aner kognitiv Aschränkungen zu engem groussen Deel vun de Liewenskonditioune vun de Patienten ofhänken.

Dozou gehéieren ënnert anerem d'Konditiounen, ënnert deene si opgewuess sinn, an ënnert deene si aktuell liewen oder och schaffen.

D'Etüd gouf vum Doktorand Matthias Klee ënnert der Leedung vun der Prof. Dr. Anja Leist vun der Fakultéit fir Humanwëssenschaften, Educatioun a Soziologie op der Uni Lëtzebuerg duerchgefouert. Och Wëssenschaftler vun den Universitéiten Exeter an Oxford waren un der Etüd bedeelegt, fir déi d'Donnéeë vu méi wéi 193.000 Leit analyséiert goufen, deenen hire genetesche Risiko fir Alzheimer vun der UK Biobank ënnersicht ginn ass.

D'Fuerschung huet gewisen, datt virun allem Leit, déi sozioekonomesch Benodeelegt sinn, an enger schlechter Géigend wunnen an iwwer eng méi laang Zäit schlecht verdéngen, ee méi héije Risk hunn, Alzheimer ze entwéckelen. Och d'Situatioun vun den Eltere schéngt deemno en Effekt dorop ze hunn, ob hir Kanner méi spéit ee méi héije Risk hunn. Bei Leit, déi fir Alzheimer scho genetesch predisponéiert sinn, kënne schlecht Liewenskonditiounen hire Risk nach weider klamme loossen.

De sozioekonomesche Status vun den ënnersichte Leit gouf ënnert anerem dorunner gemooss, wéi vill Sue si zur Verfügung hunn, wéi héich d'Aarbechtslosequot ass, ob si en Auto oder een Haus besëtzen an op hiren Haushalt iwwerfëllt ass.

D'Resultater vun der Etüd goufen op der Alzheimer’s Association International Conference (AAIC) 2022 zu San Diego an den USA virgestallt a kënnen hei nogelies ginn.