Lokal Autoritéiten hunn an dräi Regioune vum Land den Ausnamezoustand ausgeruff, nodeems et no engem tropesche Stuerm zu Héichwaasser komm ass.
Eleng an der Stad Nelson hunn e Mëttwoch ganzer 233 Haiser missen evakuéiert ginn, nodeems bannent 15 Stonnen esouvill Ree gefall war wéi soss an engem Mount. D'Buergermeeschterin vun Nelson schwätzt vun engem Joerhonnert-Stuerm, bei deem souguer de Militär huet missen de Leit bei der Evakuéierung ënnert d'Äerm gräifen.
Lokale Medieberichter no goufe bis ewell nëmmen dräi Mënsche blesséiert, nodeems e Bam op eng Schnellstrooss gefall ass. Allerdéngs kéint et nach zu weidere Blesséierte kommen.
Déi gréisste Versécherungsgesellschaft am Land huet iwwerdeems gefuerdert, datt een ophale sollt, Haiser a Regiounen ze bauen, déi dacks iwwerschwemmt géife ginn. Den Ament géifen nach 20.000 Haiser an esou Regioune stoen, wat ongeféier ee Prozent vun all den Haiser op der Insel wier.