Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Holocaust-Vergläich: Olaf Scholz reagéiert op Eclat no Aussoe vum Mahmud Abbas

An Däitschland schléit aktuell een Holocaust-Verglach vum Palestinenserpresident Abbas héich Wellen.

Dat awer virun allem, well de Bundeskanzler Olaf Scholz  ze spéit op dësen Eclat reagéiert hätt.

Eclat no Holocaust-Verglach vum Abbas / vum Pierre Jans

De Mahmud Abbas huet en Dënschdeg op enger Pressekonferenz Israel reprochéiert, e multipellen Holocaust un de Palestinenser duerchzeféieren. Zanter 1947 wieren et 50 Massaker u 50 palestinenseschen Organisatiounen, sou d'Ausso vum Palestinenserpresident. "50 Massaker, 50 Holocausten".

Den aktuelle Porte-parole vun der däitscher Regierung Steffen Hebestreit huet d'Pressekonferenz doropshin direkt zougemaach. Den Olaf Scholz soll wuel schockéiert ausgesinn hunn, wéi e Reporter vun der däitscher ARD aschätzt. Allerdéngs huet hien dem Abbas net direkt widdersprach. D'Aussoe sinn onkommentéiert stoe gelooss ginn an de Scholz hätt just rosen dra gekuckt, sou och d'Kritik vun der CDU/CSU.

Et wär net ze verzeien, no esou enger Entgleisung ze schweigen, beklot en CDU-Deputéierten. "E kommunikative Volltrottel" nennt eng Journalistin vun der Berliner Zeitung de Bundeskanzler.

Den israelesche Ministerpresident Jair Lapid huet d'Reprochë vum Abbas an deem säi Verglach däitlech zeréckgewisen. Esou Aussoe wären op däitschem Buedem net nëmmen eng moralesch Schan, mä och eng monstréis Ligen. De Lapid ass selwer de Bouf vun engem Iwwerliewende vum Holocaust.

Natierlech huet och den Internationalen Auschwitz-Kommitee dem Abbas seng Wierder an d'Reaktioun vum Bundeskanzler kritiséiert. Vill méi spéit eréischt, an engem Interview mat der Bild an duerno och op Twitter, huet den däitschen Kanzler den Abbas kritiséiert a gesot, d'Relativéiere vum Holocaust wier besonnesch fir déi Däitsch net z'erdroen an inakzeptabel.

Ich bin zutiefst empört über die unsäglichen Aussagen des palästinensischen Präsidenten Mahmoud #Abbas. Gerade für uns Deutsche ist jegliche Relativierung des Holocaust unerträglich und inakzeptabel. Ich verurteile jeden Versuch, die Verbrechen des Holocaust zu leugnen.

— Bundeskanzler Olaf Scholz (@Bundeskanzler) August 17, 2022

Eng Reaktioun, ze wéineg an ze spéit, esou d'Kritik also aus der Oppositioun. Et kann een dovun ausgoen, dass de Kanzler de Faux-pas nach laang virgehale kritt. An ob de Palestinenserpresident deen Tabu kalkuléiert gebrach huet, doriwwer kann ee just spekuléieren.