An Däitschland schléit aktuell een Holocaust-Verglach vum Palestinenserpresident Abbas héich Wellen.
Dat awer virun allem, well den Bundeskanzler Olaf Scholz ze spéit op dësen Eclat reagéiert hätt.
Eclat no Holocaust-Verglach vum Abbas / vum Pierre Jans
De Mahmud Abbas huet en Dënschdeg op enger Pressekonferenz Israel reprochéiert, e multipellen Holocaust un de Palestinenser duerchzeféieren. Zanter 1947 wieren et 50 Massaker u 50 palestinenseschen Organisatiounen, sou d'Ausso vum Palestinenserpresident.
Den Olaf Scholz huet dës Aussoen onkommentéiert stoe gelooss a just rosen dran gekuckt, sou d'Kritik elo vun der CDU/CSU.
Méi spéit eréischt, an engem Interview mat der Bild an duerno och op Twitter, huet den däitschen Kanzler den Abbas kritiséiert a gesot, d'Relativéiere vum Holocaust wier besonnesch fir déi Däitsch net z'erdroen an inakzeptabel.
Eng Reaktioun, ze wéineg an ze spéit, esou d'Kritik also aus der Oppositioun.