Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Pelosi-Eclat: US-Regierung an Taiwan wëllen Handelsgespréicher ufänken

Zil vun dësen Handelsgespréicher wieren "bedeitend wirtschaftlech Resultater". Fir China dierft et eng weider Provokatioun sinn.

D'USA an Taiwan wëlle gemeinsam Handelsgespréicher ufänken. Eng éischt Verhandlungsronn soll et am Hierscht ginn, huet den US-Handelsministère zu Washington confirméiert. Op Basis vu gemeinsame Wäerter wéilt een "bedeitend Resultater usteieren", ouni dass gesot gëtt, wat dat konkret soll heeschen.

China dierft dëse Schrëtt staark kritiséieren. Taiwan gëllt fir Peking jo weider als Deel vun der Volleksrepublik, wärend Taipeh sech selwer als onofhängeg gesäit. Als Reaktioun op dem Nancy Pelosi hire Besuch am Taiwan hat Peking jo mat grouss ugeluechte Manöver ronderëm d'Insel geäntwert. Virun e puer Deeg ass eng weider Delegatioun vum US-Kongress dohi gereest. China huet vun enger neier "Provokatioun" geschwat a weider Militärmanöver annoncéiert.