Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Och Fouer vun Inflatioun getraff: Mat méi héije Präisser an den Iess- a Gedrénksbuden ze rechnen

E bëllegen Owend op der Schueberfouer gouf et nach ni. Ma dëst Joer riskéiert et nach eng Grëtz méi deier ze ginn.

No zwee Joer Pandemie ass e Freideg den Optakt vun der 680. Editioun, an dat engem Kader, ewéi mir et virun der Corona-Kris gewinnt waren. Ma d'Defien dëst Joer si wéi iwwerall d'Inflatioun an d'Energiekris.

D'Gemeng Lëtzebuerg freet dëst Joer kee Standgeld. Dofir probéiert een an de Präisser op der Fouer raisonnabel ze bleiwen. Dat erkläert de Charel Hary, President vun de Forainen, RTL géintiwwer. An awer kommen och d'Forainen net laanscht d'Inflatioun. Virum allem an den Iess- a Gedrénksbuden ass mat méi héije Präisser ze rechnen. D'Spiller wiere manner betraff. Dat wier an dësen Zäiten eng normal Evolutioun, esou ee Patron vun enger Iessbud: „Mir hätte jo am léifsten, mir géingen d'Präisser vun 2019 maachen, mee fir dat kënnen ze maachen, mussen eis Liwweranten do matspillen. An ech kann Iech awer zu 100% soen, dass den Ueleg zu 70, 80, 90% méi deier gëtt. D‘Fritten, Mayonnaise, Eeër, Fleesch - dat fir der nëmmen e puer ze nennen, et ass alles méi deier ginn. Wann d'Liwweranten eis d'Wuer net zu engem normale Präis kënne verkafen, da kënne mir eis Präisser deelweis net halen.“

Och d'Energiekris ass en Thema op der Fouer. De Laurent Schwaller, dee responsabel ass fir d'Gestioun vun der Fouer, erkläert awer, dass sech do an de leschte Joren ewell vill geännert hätt: "Op der Fouer sinn déi lescht Jore schonn immens Efforte gemaach ginn, fir Energie ze spueren. Op dat elo Stroum ass mat LED, op dat Waasser ass mat richtegen dichten Uschlëss, mat deene richtege Verbraucher oder ob dat Gas ass, do si schonn eng Rei Efforte gemaach ginn an der Vergaangenheet. Souwisou ass de Verbrauch op enger Fouer, sief et elo Gas, Stroum oder Waasser, absolutt minim, wann een deen op de Verbrauch vum Land héichrechent. Dat ass guer net esou, wéi een dat vläicht mengt, dass eng Fouer immens vill Consommatioun u Gas oder Waasser hätt.“

D'Schueberfouer geet dëst Joer souwuel an der Woch wéi och weekends bis 1 Auer. D'fräi Nuechte goufe gestrach. De Charel Hary gesäit dat awer éischter positiv, bis 2 Auer op ze hunn, wier souwuel fir d'Personal ewéi och fir d'Awunner aus dem Quartier ustrengend. Dës Decisioun gouf scho viru Jore geholl, esou de Laurent Schaller: „Ma dat war eng Konsequenz aus de leschten Debriefingen, déi mir an de leschten Editiounen haten. Dat huet näischt mat Corona oder aneren Elementer ze dinn. Dat hate mir u sech scho fir 2020 wëlles, dass mir einfach an der Mëttesstonn éischter ufänken, dass do och méi Famillje-Public ka kommen an dass mir owes da mat Zäite kënnen um 1 Auer ophalen.“

Déi 680. Editioun vun der Schueberfouer geet e Freideg lass an dauert bis de 7. September.