Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op d'mannst 95 Infraktiounen: Stad Ettelbréck deposéiert Plainte géint Graffiti-Sprayer

National - Op d'mannst 95 Infraktiounen
RTL

© Image by  Ville d'Ettelbruck via Facebook

D'Stad Ettelbréck huet eng Plainte géint onbekannt Graffitisprayer deposéiert, déi zanter Wochen hir Onwiesen an der Stad dreiwen.

An de leschte Woche wiere Graffitie mat der Zuel "90" "wéi Champignonen" opgesprongen, esou d'Stad iwwer Facebook. Op d'mannst 95 därer Graffitie wiere schonn um Terrain vun Ettelbréck opgedaucht. Wien Zeie vun enger Dot ginn ass oder Informatioune liwwere kann, ass gebieden sech beim Commissariat de proximité d’Ettelbruck ënnert der Nummer 24484-1000 ze mellen.

Op Vandalismus steet eng Prisongsstrof vun aacht Deeg bis engem Joer an eng Geldstrof vun tëscht 251 bis 5.000 Euro.