Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op eise Stroossen: Cyclist an der Stad vu Bus erfaasst a Won bei Duelem no Wëldaccident ofgebrannt

Wéi de CGDIS an d'Police matdeelen, koum et e Freideg den Owend an e Samschdeg zu e puer Accidenter mat Blesséierten op eise Stroossen.

De Samu huet e Freideg kuerz virun Hallefnuecht no engem Accident mat engem Blesséierten op der Tréierer Autobunn tëscht Fluessweiler an dem Potaschbierg missten an den Asaz. Wéi d'Police spéider nach präziséiert, wollte si den Automobilist op der A7 kontrolléieren, dee sech awer mat héijer Vitess wollt a Richtung Tréierer A1 duerch d'Bascht maachen.

Op der Héicht vum Potaschbierg huet de Mann dunn awer d'Kontroll iwwert säi Won verluer an ass nieft der Fuerbunn accidentéiert. No enger Éischtversuergung duerch d'Rettungsekippen koum de Mann an d'Spidol, wou e positiven Alkoholtest gemaach gouf. De Fürerschäi gouf agezunn an den Auto op Uerder vum Parquet séchergestallt.

Do virdrun hat e Bus e Cyclist an der Rue du Laboratoire an der Stad ze pake kritt. Da war um kuerz no 20 Auer. Eng Persoun gouf blesséiert, sou de CGDIS.

Kuerz no 6 Auer e Samschdeg de Moien gouf et en Accident op der Streck tëscht Mutfert an Duelem. Eegenen Aussoen no hat do e Chauffer d'Kontroll iwwert säi Gefier gefuer nodeems hien e Réi ze pake krut. Den Auto wier vun der Strooss ofkomm, hätt sech an engem Feld e puer Mol iwwerschloen an huet doropshi Feier gefaangen. De Chauffer an eng weider Persoun konnte sech selwer befreien ier de Won komplett ausgebrannt ass.

De spéideren Alkoholtest beim Fuerer war positiv an et gouf protokolléiert. Och de Permis huet de Mann missen ofginn. D'Streck war wärend dem Rettungsasaz komplett fir den Trafic gespaart a béid Persoune koume fir eng Kontroll an d'Spidol.

Do virdrun war et nach eng Kollisioun tëscht 2 Gefierer op der N15 tëscht Ettelbréck an Nidderfeelen. Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt.