Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op eise Stroossen: De CGDIS huet eng ganz Rei Accidenter gemellt

RTL

© RTL Archivbild

Wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet, koum et vun e Samschdeg op e Sonndeg zu am Ganzen zu 6 Accidenter bei deenen am Ganze 7 Leit blesséiert goufen.

Kuerz no 17 Auer sinn am Tunnel zu Esch-Sauer en Trakter an e Moto net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert.

An der Téitenger Strooss zu Keel gouf et géint 18.15 Auer en Accident tëscht zwee Autoen. Hei gouf eng Persoun liicht verwonnt.

Den Tram krut kuerz virun 20 Auer um Boulevard Royal an der Stad eng Persoun ze paken. Och dës gouf liicht verwonnt.

E gréisseren Accident mat 3 Autoen gouf et dann op der A3 tëscht Diddeleng a Beetebuerg. Dat war kuerz virun 4.30 Auer e Sonndeg de Moien. Hei gouf et 4 Blesséierter.