Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Op eise Stroossen: Kand zu Märel vun Auto ugestouss

Um Donneschdeg a Freideg goufen et eng Partie Accident: Ënnert anerem ass ee Kand zu Märel virun den Auto gelaf an zu Wolz gouf e Cyclist ugestouss.

An der Route de Longwy zu Märel ass en Donneschdeg géint 22 Auer e Kand virun en Auto gelaf. Well de Chauffer net méi rechtzäiteg auswäiche konnt, krut hien d'Kand mat sengem Won ze paken, dat doropshin op de Buedem gefall ass an um Kapp blesséiert gouf. D'Kand koum an d'Spidol, war awer éischten Erkenntnisser net a Liewensgefor.

Op der RN08 tëscht Récken a Bruch ass e Freideg de Moie géint 9.40 Auer een Auto op d'Kopp gaangen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Lëntgen a Miersch versuergt.

Zu Wolz gouf géint 9.50 Auer e Cyclist an der Avenue Nicolas Kreintz ugestouss a blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Wolz.

En Donneschdeg den Owend war en Automobilist mat sengem Gefier op der A31 un der Grenz tëscht Diddeleng an Hettange/Kanfen/Wuelmereng an d'Leitplank gerannt. Hei koum keng Persoun zu Schued. D'Rettungsdéngschter vun Diddeleng hu grenziwwerschreidend Hëllef geleescht.

Ronn zwou Stonne méi spéit hunn d'Rettungsdéngschter vun Diddeleng nach eng Kéier missen ausrécken. Dat, well an der Rue de la Libération e Won an en Haus gerannt war. Wéi et vun der Police heescht, huet de Chauffer vum Auto d'Kontroll iwwert d'Gefier verluer. Den alkoholiséierte Mann gouf beim Accident liicht blesséiert a koum fir eng Kontroll an d'Spidol. Wéinst dem ze héijen Alkoholpeegel gouf de Permis agezunn an e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.