Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Paulette Lenert: Net sécher, ob ee genuch Impfunge géint den Afepouke-Virus huet, sou Ministesch

Et ass net sécher, dass Lëtzebuerg genuch Impfungen huet, fir alleguer déi Leit ze impfen, déi recommandéiert kréien, sech impfen ze loossen.

De Conseil superieur des maladies infectieuses hat hei Recommandatiounen erausginn.

Dat well een éischtens manner Impf-Dosisse kritt hätt, wéi een der gefrot hat, an zweetens well een net genau weess, wéi vill Leit wierklech zu de Risikogruppe gehéieren. Ausserdeem géif dat och vun der Impfbereetschaft vun deene concernéierte Leit ofhänken.

Dat erkläert Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement.

Fir ze wëssen, wéi vill Persounen zu de Risikogruppe gehéieren, hätt ee sech un den Donnéeë fir Frankräich orientéiert. Allerdéngs hätte sech hei bis ewell och vill manner Leit impfe gelooss, wéi ee sech erwaart hat.

Eng weider Optioun fir méi Leit kënnen ze impfen, wier wann ee manner grouss Dosisse géif sprëtzen. Wéi d'Ministesch schreift, géif déi Europäesch Medikamentenagence EMA grad préiwen, ob dat méiglech ass.

Zu Lëtzebuerg kann ee sech jo zanter en Dënschdeg géint den Afepouke-Virus impfe loossen