Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Plooschter-Projet: Ëmmer op der Sich no neie Stammzellespender

Zu Lëtzebuerg sinn nëmme 15.000 Leit als Stammzellespender registréiert. Dobäi feelt all drëttem Erkrankten, dee Stammzelle brauch, de passende Spender.

De Plooschter-Projet engagéiert sech, fir nei Stammzellespender ze fannen. Dofir si si och reegelméisseg op Evenementer a Fester vertrueden, wou d'Leit sech dann als potenziellen Donneur kënne registréiere loossen. Dëse Samschdeg gouf dann eng gréisser Aktioun zu Schëffleng organiséiert. Et gëtt nämlech de passende Spender fir de Gabriel vu 9 Joer gesicht.

No 4 Stonnen hate sech am Ganzen 270 Leit registréiert. Ma jiddereen, dee sech op der Aktioun vum Plooschter-Projet als Stammzellespender registréiert, kënnt awer net nëmme fir de klenge Gabriel a Fro. D'Resultater vun der Bluttprouf ginn an enger internationaler Datebank gesammelt, fir weltwäit Bluttkriibspatiente kënnen ze hëllefen.

Stammzellespende ginn nämlech bei verschiddenen Aarte vu Bluttkriibs an anere schwéiere Bluttkrankheete gebraucht. Zu Lëtzebuerg kréien tëscht 15 an 20 Leit all Joers esou eng Spend, sou den Dr Laurent Pawny, Spezialist fir Bluttkrankheeten a Bluttkriibs.

Sech registréiere loossen ass net schwéier. Et muss een e kuerze Froebou iwwert seng Gesondheet ausfëllen an dann eng Bluttprouf ofginn. Dat ass den éischte Schratt. D'Chance, dass een iergendwann fir eng Spend opgeruff gëtt, ass awer geréng. Nëmme 5 Prozent vun all de registréierte Stammzellespender gëtt eemol a sengem Liewe gebraucht. Ma och wann de Risk geruff ze ginn, kleng ass, soll ee sech nëmme mellen, wann ee wierklech bereet ass och ze spenden. Déi ganz Prozedur fir e Spender an d'Datebank opzehuelen, ass fir de potenzielle Spender zwar gratis, ma fir d'Stëftung awer net.

RTL

© Céline Spithoven/RTL

Dës weidere ginn et e puer Konditiounen, fir als Stammzellespender iwwerhaapt a Fro ze kommen. Sou muss een tëscht 18 a 40 Joer al sinn oder 16 mat der Erlabnis vun den Elteren. Dann dierf een net méi wéi zweemol schwanger gewiescht sinn a minimum 50 Kilo op der Wo hunn. Net onwichteg ass och d'Gesondheet vum Spender. Eng weider Konditioun ass, dass een eng Däitsch oder Lëtzebuergesch Nationalitéit oder e Wunnsëtz an ee vun deenen zwee Länner muss hunn, fir sech beim Plooschter-Projet als Stammzellespender registréiere kënnen ze loossen. Dat ass problematesch a soll geännert ginn, fënnt de Yannick Lieners vum Plooschter-Projet.

"Leider musse mir dës Reegel anhalen, well mir mat der däitscher Stefan-Morsch-Stëftung zesummeschaffen. Dat ass fir Lëtzebuerg awer immens schuet, well mir Leit ofweise mussen, déi als Spender géifen a Fro kommen, awer eng aner Nationalitéit hunn. Mir hunn eis dofir och scho mam Gesondheetsministere zesummegesat, fir dass hei Changementer komme kënnen, mee et ass leider nach näischt geschitt."

Zu Lëtzebuerg sinn déi aktuellsten Zuelen no ronn 15.000 potenziell Stammzellespender registréiert, ma dat geet awer net duer. D'Chance, mat engem Frieme genetesch kompatibel ze sinn, läit nämlech bei 1 zu 1.000.000. An nach ëmmer fënnt 1 vun 3 Erkrankten zu Lëtzebuerg kee passende Spender.

Dobäi muss d'Spende vu Stammzellen engem keng Angscht maachen. Dëst geschitt nämlech a 95 Prozent vun de Fäll iwwert eng Aart Bluttspend. Hei kritt de Spender Medikamenter, déi d'Produktioun vun de Stammzellen ureegt. Esou sinn déi dann och am Blutt erëmzefannen. Den Donneur gëtt da fir 3-4 Stonnen un eng Maschinn ugeschloss, déi enger Dialyse-Maschinn änlech ass an ass dono entlooss. Geféierlech ass dat net.

RTL

© Céline Spithoven/RTL

Just a seelene Fäll ginn d'Stammzellen direkt aus dem Muerg geholl. Hei handelt et sech dann ëm en operativen Agrëff ënnert Narkos, wou d'Stammzellen aus dem Becke geholl ginn. Ma och hei besteet kee grousse Risk, sou den Dr Laurent Pawny.

Wëll ee sech dann elo och als Stammzellespender registréiere loossen, kann een dat an enger Partie Laboratoirë maachen oder et schreift ee sech direkt beim Plooschter-Projet an. Op hirer Facebooksäit kënnege si un, wou a wéini hir nächst Aktioun leeft.