Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police: Ex-Frënd no Mordmenacen a Kierperverletzung festgeholl

Wéi d'Police matdeelt, koum et an der Nuecht op en Dënschdeg géint 2 Auer op der Stater Gare zu enger Messer-Attack.

Hannergrond war e Streit tëscht enger Fra an hirem Ex-Partner. Eskaléiert ass d'Situatioun, wéi den aktuelle Frënd vun der Fra vun hirem Ex-Frënd mat engem Schwäizer Täschemesser an den Hals gepickt gouf. D'Koppel konnt nach bis op d'Kommissariat vun der Garer Police goen, wou d'Beamten dem verwonnte Mann Éischt Hëllef geleescht hunn, ier hien an d'Spidol koum. De presuméierten Täter soll donieft och Mordmenace géint d'Ex-Frëndin ausgeschwat hunn.

De Ex-Frënd konnt kuerz drop zu Bouneweg interpelléiert ginn an hat effektiv en Täschemesser an 3 Kokain-Bulle bei sech. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Ënnersichungsriichter. Dësen  krut e Mandat d'arrêt an de Mann koum dono an de Prisong op Schraasseg.

Zu Esch hat e Grupp Jonker géint 3 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch  virun der Gemeng ee Sans-abri attackéiert. De Mann gouf geschloen a beklaut. D'Police huet déi Jonk interpelléiert a konnt e Kichemesser, eng Kagull an Droge sécher stellen. D'Affer gouf liicht verwonnt a koum fir eng Behandlung an d'Spidol.

Wéi et heescht hätten déi Jonk d'Poliziste wärend der ganzer Prozedur vernannt a wieren extrem aggressiv gewiescht. Et goufe Protokoller geschriwwen.

Zu Diddeleng ass en Dënschdeg den Owend géint 19 Auer eng Automobilistin opgefall. Si ass mat hirem Won laanscht de Policebüro gefuer, huet do e puer Beamten erbléckst an huet doropshi Vollgas ginn. D'Gefier konnt e puer Stroosse weider nees gestoppt ginn an d'Fra gouf kontrolléiert. Effektiv war Alkohol am Spill, wat en Otemtest confirméiert huet. De Permis gouf agezunn an e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.