Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police mellt: Mann an der Stad iwwerfall, Randaléierer zu Uewerkuer a Permis fort zu Esch

E Samschdeg den Owend, respektiv an der Nuecht op e Sonndeg huet d'Police misse wéinst e puer Virstéiss an den Asaz.

Kuerz no 2 Auer gouf e Mann an der Bouneweger Strooss an der Stad vun engem Onbekannten ugeschwat an ugegraff. De Brigang huet dem Mann eng gëllen Halsketten a säi Portmonni geklaut, ier e sech a Richtung Rue du Laboratoire ewech gemaach huet. Gewosst ass just, dass et sech beim presuméierten Täter ëm eng männlech Persoun mat engem schwaarzen Iewescht handelt.

Géint 3 Auer gouf eng Persoun gemellt, déi an der Avenue Charlotte zu Uewerkuer géing randaléieren. De Mann huet ënner anerem op geparkten Autoen ageschloen an huet Poubellen ëmgeschmass. Ma well hien net wäit vun der Policestatioun zu Déifferdeng war, konnt hien och relativ séier ausgemaach ginn.

Den aggressive Mann huet e Polizist ugegraff an huet sech hefteg gewiert, wéi e sollt vun de Beamten ofgefouert ginn, fir de Virfall um Policebüro ze klären. Et goufe eng kleng Quantitéit Marihuana beim Mann sécher gestallt. Ma well hie sech därmoosse rebellesch beholl huet, gouf op Uerder vum Parquet protokolléiert an d'Droge goufe sécher gestallt.

Um fréie Samschdegowend ass e Chauffer zu Esch wéinst sengem opfällege Fuerstil gestoppt a kontrolléiert ginn. En Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn. Den Auto war donieft net uerdentlech ugemellt an de Mann hat keng valabel Assurance fir d'Gefier. Op Uerder vum Parquet krut de Mann e Protokoll an säin Auto gouf vu der Police sécher gestallt.