Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Police: Vill Onéierlecher dëse Weekend an der Stad ënnerwee

E Samschdeg krut d'Police gemellt, dass op e puer Plazen am Zentrum vun der Stad Wäertgéigestänn geklaut goufen.

Enger Fra ass e Samschdeg am Nomëtteg zum Beispill opgefall, nodeems si duerch e Grupp Leit getrëppelt war, dass en Onbekannten hir de Portmonni aus der Posch gezunn hat. Gemierkt hat si näischt.

Änlech ass et enger weiderer Persoun ergaangen. Och hei gouf de Portmonni aus der Posch, déi ëm d'Schëller houng, geklaut.

Bei engem aneren Affer, dat owes op enger Terrass vun engem Café souz, huet en Onéierlechen déi komplett Posch onbemierkt matgoe gelooss.

Donieft krut e Client, deen e Freideg den Owend op enger Terrass am Garer Quartier souz, säin Handy geklaut. Hei hat een onbekannten Täter fir d'éischt no Feier gefrot an huet dee Moment den Handy um Dësch agestach.

Och nees alkoholiséiert Chaufferen ënnerwee

E Samschdeg den Owend géint 21.30 Auer ass bei Colmer-Bierg a Richtung Norden e Gefuer gemellt ginn, dat géif am Zickzack gefuer ginn. Bei der spéiderer Kontroll huet sech de Verdacht op Alkohol um Stier confirméiert, en Otemtest war positiv. De Permis gouf agezunn an e Protokoll geschriwwen.

Och op der Escher A4 op der Héicht vun der Opfaart A13, zu Helsem an op der A7 bei Luerenzweiler goufen e Samschdeg an an der Nuecht op e Sonndeg eng Partie Fürerschäiner agezunn, well d'Chaufferen ze vill gedronk haten.