Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

RIP: De belsche Prënz Wauthier de Ligne ass no laanger Krankheet gestuerwen

De Lëtzebuerger Haff ass an Trauer: den direkte Koseng vum Grand-Duc Henri ass am Alter vu 70 Joer verscheet.

Wéi et heescht, ass hien no laanger Krankheet e Méindeg am Spidol zu Tournai gestuerwen. De Prënz Wauthier ass de Fils vum Prënz Antoine de Ligne, dee mat der Prinzessin Alix bestuet war, déi jéngst Schwëster vum Grand-Duc Jean, also d'Tatta vum Grand-Duc Henri.

D'Prinzessin Alix ass virun 3 Joer am Alter vun 89 Joer am Schlass Beloeil verscheet. Si hat 7 Kanner. Si ass 1929 am Colmer Schlass op d'Welt komm a goung wärend dem Zweete Weltkrich zesumme mat hire Gesëschter an hirer Mamm, der Grande-Duchesse Charlotte, fir 5 Joer an den Exil.

D'Famill de Ligne gehéiert zu enge vun den eelsten an illusteren aus der belscher Noblesse. D'Begriefnes vum Prince Wauthier de Ligne ass nächste Méindeg zu Beloeil.