Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Robert-Koch-Institut: Héichpunkt vu Corona-Summerwell schonn depasséiert

D'Robert-Koch-Institut an Däitschland gesäit de Pic vun der Corona-Summerwell mëttlerweil hannert eis.

D'Infektiounszuelen an alle Schichte vun der Gesellschaft wiere bei eisen däitschen Noperen an de leschten Deeg réckleefeg. Iwwerdeem géinge sech net méi esou vill Leit a Fleegeheemer ustiechen an och d'Zuel vun de Patienten op den Intensivstatiounen ass an der leschter Woch zréckgaangen. Och bei den Doudesfäll a Relatioun mam Virus schreift den RKI vun engem Réckgang. An der leschter Woch sinn 372 Mënsche gestuerwen am Verglach zu 444 an der Woch virdrun.

D'Donnéeë vum Robert-Koch-Institut weisen ausserdeem, datt och bei schwéiere Verleef den Héichpunkt vun der aktueller Well depasséiert wier. Mënschen am Alter vun iwwer 80 Joer sinn allerdéngs weiderhin am stäerkste vu schwéiere Verleef betraff.

Trotz der verbesserter Situatioun a mat Bléck op déi nächst Wochen mécht den RKI nach eng Kéier de Rappell, d'Recommandatioune fir d'Evitéiere vun Infektiounen "onbedéngt" anzehalen a betount erëm d'Wichtegkeet vun enger Impfung géint de Corona-Virus. Och fir vulnerabel Mënsche gëlle weiderhi Precautiounen.

De Bundesgesondheetsminister Karl Lauterbach stellt sech zu Berlin e Freideg nees de Froe vu Journalisten. Fir den Hierscht an de Wanter stellt hie sech jo nees méi streng Restriktioune vir, wéi beispillsweis nees eng Maskeflicht.