Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

RTL-Informatiounen: Fahrudin Kuduzovic gëtt neien Trainer vum Racing

Déi lescht Saison souz nach de Jeff Saibene beim Stater Veräin op der Trainerbänk, ma hien hat sech no der Coupe-Victoire zeréckgezunn.

RTL-Informatiounen no huet de Racing mam Fahrudin Kuduzovic e Successeur fir de Jeff Saibene um Trainerposte fonnt. No der Victoire vun der Coupe hat de Saibene matgedeelt, datt hien de Club aus perséinleche Grënn géing verloossen.

De Fahrudin Kuduzovic ass keen Onbekannten am Grand-Duché. Hien huet fir den RM Hamm Benfica, Munneref an d'Millebaach gespillt. Wärend der Saison 18/19 war hien och Trainer an der Millebaach. Zanter Juli 2019 war hie Co-Trainer bei der Eintracht vun Tréier, de Veräin spillt aktuell an der däitscher Oberliga Rheinland-Pfalz. Elo soll hien da vun der nächster Saison un um Trainerstull beim Racing sëtzen.