Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Sachsen (D): Mann gouf 95 Mol géint Corona geimpft - Ermëttlunge lafen

War d'Angscht virun enger Corona-Infektioun esou grouss, dass sech en 61 Joer ale Mann aus Magdeburg esou heefeg vaccinéiere gelooss huet?

Nodeems hien a Sachsen eng Dose Sprëtzen an Impfzentere krut, soll hien och a Sachsen-Anhalt aktiv gewiescht sinn. Wéi et vum Parquet zu Leipzig heescht, wier hien heiansdo esouguer e puer Mol bannent engem Dag géint Corona geimpft ginn. Op d'mannst 95 Piqûre goufen et an engem Covid-Impfzenter.

Als Motiv goufen nach keng Detailer genannt, sot de Porte-parole vum Parquet. Et hätt een de Fall antëscht u Magdeburg weiderginn.

Ufanks Mäerz gouf hien zu Eilenburg am Norde vu Sachsen gestoppt, wéi hien e puer eidel Impfpäss an e puer mat falschen Nimm dobäi hat. Ausserdeem besteet de Verdacht, dass den 61 Joer ale Magdeburger Impfzertifikater soll verkaf hunn. Dat sollen Ermëttlungen elo klären.