Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Saudiarabien: Fra muss wéinst e puer Tweets fir 34 Joer an de Prisong

Déi zweefach Mamm an Doktorandin hat sech op Twitter géint d'Ënnerdréckung vun hirem Geschlecht agesat.

A Saudiarabien ass eng Fra zu 34 Joer Prisong verurteelt ginn, well si en Twitter-Account huet an do Contenu vun Aktiviste gedeelt huet. Déi jonk Fra, déi eigentlech an England lieft, gouf schonn 2021 bei enger Visitt am Land festgeholl an an engem éischte Prozess zu 6 Joer Prisong verurteelt. Elo am Appellsprozess goufen doraus 34 Joer, confirméiert d'Mënscherechtsorganisatioun GCHR.

Déi zweefach Mamm hat sech op Twitter géint d'Ënnerdréckung vun der Fra a fir méi Gerechtegkeet ënnert de Geschlechter agesat. Vun direkt e puer ONGen heescht et, dass dat Urteel eng absolut Frechheet wier a weise géif, wéi de Regime a Saudiarabien mat Frae generell verfiert. Derbäi kënnt, dass d'Fra der schiitescher Glawensrichtung ugehéiert, déi am sunnitesch-dominéierte Saudiarabien permanent géif ënnerdréckt ginn.