Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Schueberfouer: Kontrolle vu Konformitéit vu Spillsaachen an Accessibilitéit fir behënnert Leit

Nieft de sëllege Sécherheetskontrolle vun de Stänn a Spiller ginn och Wuere wéi Spillsaachen, Gadgeten oder Elektrogeschier kontrolléiert.

Och d'Accessibilitéit fir behënnert Persoune kënnt op de Préifstand.

Véier Mataarbechter vun der Ilnas waren um Donneschdeg ënnerwee, fir ze iwwerpréiwen, ob d'Wueren, déi verspillt a verkaf ginn, konform zu den nationale Gesetzer an Exigenze sinn. Den éischte Bléck vum Alexis Weber geet op de CE-Label.

"Dee mécht de Produzent op d'Produkt fir selwer ze deklaréieren, datt d'Produkt konform ass an datt hien och all d'Mesuren ënnerholl huet, datt d'Produkt sécher ass.”

Steet en europäesche Kontakt op der Wuer? Stinn d'Informatiounen op enger vun den dräi Landessproochen? Wann net, kritt de Forain d'Méiglechkeet, de Problem ze behiewen. Mécht en dat net, gëtt d'Wuer vum Maart gezunn. An der Reegel géifen d'Foraine gutt kooperéieren, esou d'Erfarung vum Alexis Weber.

"Wat mer och maachen: Mir kréien all Woch vun der Kommissioun eng Lëscht mat Produkter, déi geféierlech sinn, déi an der EU detektéiert goufen. Mat där Lëscht kucke mer och op de Stänn, ob net zoufälleg esou e Produkt op engem Stand ass."

Doriwwer eraus ginn d'Foraine pro-aktiv sensibiliséiert, wourop si oppasse sollen. Virun a wärend der Schueberfouer mécht d'Ilnas ëmmer nees Stéchprouwen um Terrain.

Accessibilitéit fir Persoune mat enger Behënnerung

Och Info-Handicap war op der Fouer ënnerwee. D'Organisatioun préift, wéi eng Buden, Stänn a Spiller zougänglech si fir Leit mat enger Behënnerung, erkläert de Yannick Breuer.

“Den Accès muss garantéiert sinn, sief dat mat enger Ramp oder dass ee riicht erakënnt, datt d'Diere breet genuch sinn. Dass awer och, wann déi Persoun erakënnt, datt se empfaange gëtt wéi all Gaascht.”

Och vereenzelt Spiller, wéi zum Beispill eng grouss Geeschterbunn, kënne vu Persoune mat Behënnerung genotzt ginn. Dat wär him ganz wichteg, erkläert de Patron, de Forain Martin Blume.

“Dafür haben wir extra eine Schwerbehinderten-Gondel, die ist extra mir einer kleinen Türchen zum öffnen. Wir haben da hinten eine Rampe. Dort können die Rollstuhlfahrer von unserem Personal bis zur Gondel gebracht werden und mein Personal hilft ihnen in die Gondel einzusteigen.”

Info-Handicap réit de Betraffenen, ëmmer Récksprooch mat de Forainen ze huelen, ob e Spill fir si gëeegent ass oder net. Ob der Websäit eurewelcome.lu si vun e Freideg un all behënnerte-gerecht Stänn, Buden a Spiller opgelëscht.