Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Skandal a Groussbritannien: Affer vu verseuchte Bluttspende ginn no Joerzéngten entschiedegt

Dausende Leit kruten an de 70er, 80er an 90er Joren a Groussbritannien kontaminéiert Blutttransfusiounen. 2.400 Persoune si Schätzungen no gestuerwen.

An de 70er, 80er an 90er Jore kruten dausende Mënsche mat Bluttkrankheeten iwwert de staatleche Gesondheetsdéngscht National Health Service (NHS) veronrengegt Blutttransfusiounen. Als Konsequenz hu sech d'Affer mat Hepatite C an HIV ugestach. 2.400 Persoune solle Schätzungen no un de Suitte vum verseuchte Blutt gestuerwe sinn. De gréissten Deel vun de Bluttreserve koum deemools aus de Vereenegte Staaten.

E puer Joerzéngte méi spéit sollen elo dausende Leit, déi Affer vum brittesche Blutt-Skandal goufen, entschiedegt ginn. Eng virleefeg Zomm vun 100.000 Pond, ëmgerechent 119.000 Euro, ka pro Concernéierten ugefrot ginn. Dat bis Enn Oktober. Ass déi betraffe Persoun dout, kann hir Famill eng Demande erareechen.

Näischt kéint "d'Péng an d'Leed vun de Betraffenen nees gutt maachen", ma déi brittesch Regierung géing dofir suergen, dass d'Affer an hir Familljen d'finanziell Entschiedegunge relativ séier kréien, sou de Premierminister Boris Johnson. Kritiker no geet dëst allerdéngs net wäit genuch. Et géinge vill Familljemembere vun den Affer ginn, déi an deem Kontext net géinge berécksiichtegt ginn, heescht et.

Déi deemoleg Regierung hat 2017 entscheet, eng Enquête an d'Weeër ze leeden, fir dëse Skandal opzeklären. D'nächst Joer sollen d'Ermëttlunge fäerdeg sinn. Et gëtt sech erwaart, dass eng endgülteg Recommandatioun Entschiedegunge fir e gréissere Grupp vu Mënsche wäert virgesinn.

Enger viregter Enquête aus dem Joer 2009 no hätt déi brittesch Regierung scho méi fréi missen handelen, fir d'Bluttreserven z'erhéijen an d'Ofhängegkeet vun Importer ze verréngeren.