Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Skoda Tour de Luxembourg: 6 World-Tour-Ekippen um Depart

A knapp engem Mount ass den Depart vum Skoda Tour de Luxembourg.

En Donneschdeg goufen Detailer vun der 82. Editioun presentéiert. 18 Ekippe ginn un den Depart mat all Kéier 6 Coureuren. 6 World-Tour-Ekippe si mat dobäi.

Am Prinzip ginn aus Lëtzebuerger Siicht de Kevin Geniets bei Groupama-FDJ an den Arthur Kluckers als Stagiaire beim Team Emirates un den Depart.

5 Etappe gi gefuer mat am Ganzen 720 Kilometer. Déi éischten Etapp ass dënschdes, den 13. September. Déi geet iwwer 163 Kilometer vum neien Stade de Luxembourg op de Kierchbierg. Um zweetleschten Dag ass een Zäitfueren iwwer 26 Kilometer zu Réimech. Déi leschten Etapp ass samschdes iwwer 178 Kilometer vu Miersch an d'Stad.

Op RTL Tëlee an op RTL.lu ginn d'Etappen alleguerte live iwwerdroen.