Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Spaass un der Beweegung: 13. Editioun vun der Nuit du Sport

Bei herrlechem Summerwieder huet eng Rekordzuel vu 43 Gemengen an honnerten Atelieren all méiglech Sportaarten ugebueden.

Lëtzebuerg beweegt sech net genuch. Dat wësse mer zanter Joren, ma d’Pandemie huet d’Situatioun nach verschlëmmert. Ouni Aschränkunge vu där Pandemie haten e Samschdeg awer ganz vill Kanner, Jugendlecher an Erwuessener Loscht, sech ze beweegen.

Bei herrlechem Summerwieder huet eng Rekordzuel vu 43 Gemengen an honnerten Atelieren all méiglech - an och onméiglech - Sportaarten ugebueden.

Cornhole kënnt als Fräizäitsport aus den USA. Scho Stonne virun de grousse Sportsevenementer trëfft ee sech um Parking, fir ze grillen, spillt da mateneen a géinteneen.

Beim onkomplizéierte Street Racket geet et dogéint guer net ëm d'Gewannen, ma fir zesummen ze spillen. Iwwerall, mat wéineg Moyenen. Ee bëssi Kräid, ee puer Schléier an ee Ball ginn duer.

Op an nieft de Baggerweieren huet d’Schengener Gemeng natierlech all Méiglechkeeten. Ma och all déi aner Gemengen hu ganz vill ugebueden. Bodykicker, Calistenics, Crossminton, Discgolf, Goalball, Intrinity, Shuffleboard oder Spikeboard: bei enger sëllege Sportaarte muss ee fir d’éischt googelen, wann ee wëll wëssen, wat op een duer kënnt.

2009 gouf déi éischt Nuit du Sport a grad emol 4 Gemengen organiséiert a 400 Leit hunn do mat gemaach. 2019 hu sech du schonns iwwer 9.000 Leit dofir begeeschtert. 2020 ass se natierlech ausgefall an 2021 war kleng a virsiichteg. Un dëser 13. Editioun hunn elo souvill Leit wéi nach ni deelgeholl. Trotz Corona ass d’Freed un der Beweegung bei deene meeschte weider grouss.

Bei der Nuit du Sport geet et virun allem ëm de Spaass un der Beweegung. Dat kënnen, awer mussen net nei, exotesch Sportaarte sinn. Och de méi normale Sport gouf gären ausprobéiert.

Och wa sech de Sportsministère an de Service National de la Jeunesse verantwortlech zeechnen, esou läit d’Organisatioun bei den eenzele Gemengen. Vun deene mécht mëttlerweil knapps d’Hallschent mat an et géing natierlech net ouni d’Hëllef vu de Verbänn a Veräiner goen. Déi hoffen domadder, dat eent oder anert Talent fir hire Sport ze begeeschteren.

Impressioune vun der Nuit du Sport am Préizerdaul