Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Terrorattacke vu Paräis: Parquet freet liewenslängleche Prisong fir den Haaptugekloten

Am Prozess ëm d'Terrorattacken zu Paräis am Joer 2015 mat 130 Doudegen huet de Parquet eng liewenslaang Prisongsstrof fir de Salah Abdeslam gefuerdert.

Den 13. November 2015 hate jeeweils dräi mat Sprengstoffrimmer ekipéiert Männer am Concertssall Bataclan, viru Caféen a Restauranten matten a Paräis an an der Géigend vum Stadion 130 Mënschen ëmbruecht. Bei den dschihadistesch motivéierten Attacke waren donieft 350 weider Persoune blesséiert ginn.

De Prozess ronderëm d'Attacken hat de leschte September ugefaangen. Ugeklot sinn 20 Männer, vun deenen der sechs net do sinn. E Freideg huet de Parquet fir den Haaptugekloten Salah Abdeslam liewenslängleche Prisong gefuerdert. An der Reegel kommen Täter mat esou enger Strof a Frankräich no 20 bis 25 Joer nees fräi. Beim Abdeslam soll dat dem Parquet no awer ausdrécklech net de Fall sinn. Hie soll ni méi op fräie Fouss kommen. Dës Fuerderung vum Parquet ass äusserst seelen a Frankräich. Zanter der Aféierung vum franséische Recht 1994 gouf bis ewell nëmme véier Mol eng Sécherheetsverwahrung gesprach.

Den Abdeslam ass deen eenzege vum Terrorkommando, deen nach lieft. Hien hat an der Nuecht vun der Dot säi Sprengstoffrimm ausgedoen a war geflücht. No fënnef Méint konnt hien an der Belsch festgeholl ginn.

D'Urteel vum gréisste Prozess, dee Frankräich jee erlieft huet, gëtt sech fir den 29. Juni erwaart.

Weider Informatiounen am Artikel vun de Kolleege vun RTL 5minutes.