Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tréier: Mann bei Brand liewensgeféierlech blesséiert - Rettung mat "Sprangretter"

De Mann, dee scho schwéier blesséiert vun de Pompjeeën op engem Balcon fonnt gouf, huet misse mat engem Sprangduch aus der brennender Wunneng gerett ginn.

D'Tréierer Pompjeeën goufen an der Nuecht op e Freideg op en Asaz an engem Haus zu Tréier geruff, wou eng Wunneng um ieweschte Stack a Flame stoung. Um Balcon hannenaus hunn d'Pompjeeën e Mann fonnt, dee scho schwéier blesséiert war. Well si anescht net bäi koumen, huet de Mann missen op e sougenannte "Sprangretter", also en opblosbaart "Sprangduch", aus ronn fënnef Meter Héicht sprangen. Hie koum mat liewensgeféierleche Blessuren an e Spidol.

Iwwerdeem konnt sech ee weidere Bewunner selwer aus der brennender Wunneng retten, koum awer mat Dampvergëftungen an d'Klinik. Eng Koppel mat Kand aus der Wunneng niewendrun konnt d'Gebai net méi iwwert d'Trapenhaus verloossen an huet dowéinst mat Leederen aus dem Haus misse gerett ginn. Vun der Famill gouf kee blesséiert.

D'Tréierer Pompjeeë konnten de Brand bannent 20 Minutten ënner Kontroll bréngen. Am Ganze ware ronn 110 Secouristen op der Plaz. Nieft dem Brand zu Tréier Feyen waren d'Pompjeeën och op en Asaz zu Tréier-Süd geruff ginn. Hei hat e Feier sech aus dem Trapenhaus aus bis an eng Wunneng ënnert dem Daach verbreet. Et goufen awer keng Blesséierter.