Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Verdeedegungs-Plädoyer: Aweisung a Psychiatrie am Prozess ëm d'Amokfaart zu Tréier gefuerdert

De Mann, deen am Dezember 2020 an der Foussgängerzon zu Tréier Mënschen iwwerrannt huet, géing d'Viraussetzunge fir eng Aweisung an d'Psychiatrie erfëllen.

De Parquet hat liewenslaange Prisong, d'Feststelle vun der Häert vun der Schold an d'Ënnerbréngen an enger Psychiatrie gefuerdert. Deem huet sech d'Verdeedegung vum Amokleefer elo deels ugeschloss.

D'Konditioune fir e Feststelle vun enger besonnescher Häert vun der Schold wiere fir d'Affekotin vum Bernd W. allerdéngs net ginn. E kranke Mann, dee wéi hien am Wan handelt, hätt keng Alternativen, fir anescht ze handelen, dowéinst wier bei him vun enger limitéierter Scholdfäegkeet auszegoen, sot d'Verdeedegung en Donneschdeg am Kader vum Prozess.

Den Amokleefer vun Tréier ass wéinst fënneffachem Mord, versichtem Mord an 18 Fäll, grad ewéi geféierlecher a schwéierer Kierperverletzung a 14 Fäll ugeklot. Den 1. Dezember 2020 war de Mann mat sengem Auto mat immens héijer Vitess duerch d'Foussgängerzon gefuer an huet dobäi fënnef Mënschen ëmbruecht, en 77 Joer ale Mann ass 11 Méint méi spéit un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen.