Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Vu Dréchente bis Iwwerschwemmungen: Afrika an déi uerg Konsequenze vum Klimawandel

A Mëtteleuropa kann ee sech mat héichmoderne Meteosstatioune op extrem Wiederphenomener preparéieren. An Afrika gesäit et dogéint anescht aus.

Dréchent, an awer deels hefteg Néierschléi mat Iwwerschwemmunge maachen eis och hei a Mëtteleuropa ëmmer méi Suergen. Mat héichmoderne Meteosstatioune kann ee sech awer preparéieren. D'Infrastrukture si gréisstendeels stabil.
An Afrika kann ee manner gutt op d'Konsequenze vum Klimawandel reagéieren. An extrem Wiederevenementer ginn et do ëmmer méi heefeg.

126 Millimeter Ree bannent nëmme sechs Stonnen zu Dakar am Senegal e Freideg virun zwou Wochen. Dat sinn 126 Liter pro Quadratmeter. Alles iwwer 50 Millimeter gëtt ënner Meteorologe schonn als extrem ugesinn. Et ass déi zweete Kéier bannent engem Mount, dass an der senegalesescher Haaptstad aus Stroosse Flëss voller Bulli gi sinn an Tunnellen iwwerschwemmt goufen.

Um ganzen afrikanesche Kontinent gi Wiederextremer méi heefeg. Dat confirméiert de Weltklimarot. Op der enger Säit geet d'Hëtzt an Afrika méi séier erop, erkläert de Klimatolog Andrew Ferrone, deen d'Lëtzebuerger Regierung am IPCC vertrëtt. „Op der anerer Säit gesäit een an Afrika awer och, dass déi zwee Extreme vum Zyklus vum Waasser zouhuelen. Dat heescht, et kënnt zu méi Staark- an Extremnéierschléi. Regional kënnt et awer och zu méi Dréchenten."

Afrika an d'Konsequenze vum Klimawandel / Rep. Pierre Jans

Dat selwecht kann een och a Südafrika observéieren, wou et zanter 2018 un op en Neits eng geféierlech Dréchent gëtt. De Jacek Stankiewicz vun der Uni.lu huet seng Dokteraarbecht iwwer d'Verdréchne vun de Flëss a Südafrika geschriwwen, wou hie wäit iwwer 10 Joer laang gelieft huet. Hie weess, firwat och a Südafrika virop déi Äermst ënnert de Konsequenze vum Klimawandel leiden. „Wann do iergendeng Naturkatastroph ass, kënnen d'Leit sech net wieren. Am Fall vu Kapstadt kann een déi Inegalitéit souguer op Google Earth beobachten. Do gesäit ee vill Terraine mat grousse Schwämmen a Waasserreservoire fir den Noutfall. A quasi direkt niewendru sinn improviséiert Quartieren, wou d'Awunner och schonn ouni Dréchent all Dag kilometerwäit musse bei den nächste Pëtz trëppele mussen."

Do spillt et net an d'Kaarten, dass d'Thema Klimawandel a Südafrika fir politesch Interête mëssbraucht gëtt. Mä dat ass en anert Thema. De Kontinent an d'Mënschen, déi drop liewen, sinn enger besonnescher Gefor ausgesat, confirméiert den IPCC. Den Andrew Ferrone erkläert: „Et huet och domadder ze dinn, dass de Gros vun der Populatioun an Afrika a Regioune lieft, déi net developpéiert sinn, respektiv wou mol keng Strukture sinn. D'Wiederdéngschter sinn a ville Länner ënnerentwéckelt oder net existent. Wann et also do zu extreme Wiederphenomener kënnt, kann d'Populatioun och net gewarnt ginn."

Dofir wär et dem Klimatolog no sënnvoll, am Kader vun der Kooperatiounshëllef, Meteosstatiounen do opzebauen. Och fir de Klimawandel an Afrika méi präzis ze dokumentéieren, och wann d'Konsequenzen an Afrika evident wären. Dem Weltklimarot no sinn 2030 eleng an Afrika duebel esou vill Leit vum Mieresspigel, dee klëmmt, betraff ewéi haut.
„Et ass och kloer, dass a ville Regiounen net déi richteg Adaptatioun geschitt." De Lëtzebuerger Klimatolog ass ganz däitlech: 1,5 Grad Äerderwiermung bréngen enorm negativ Changementer mat sech. Plus zwee Grad wär op ville Plaze fatal. Et wär ewéi beim Mënsch, wann e Féiwer huet. Mat nëmmen engem hallwe Grad méi kann d'Situatioun komplett kippen.