Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Vun e Samschdeg un: Impfzenter um Lampertsbierg mécht Dieren op d'mannst ee Mount zou

Den Impfzenter an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg mécht um Samschdeg um 13 Auer seng Diere fir op d'mannst ee Mount zou.

An de leschte Woche si virun allem Leit iwwer 60 Joer a vulnerabel Persounen dohi komm, fir en 2. Impfrappell ze kréien, éischt Rappelle goufe just wéineg an éischt Impfunge just ganz wéineg gemaach.

D'Unzuel vu Leit, déi sech impfe gelooss hunn, wier all Woch ëm d'Hallschent erofgaangen, zanter datt d'Invitatioune fir den 2. Booster Mëtt Juli erausgaange waren, sou de Luc Feller vum héije Kommissariat vun der nationaler Sécherheet. Donieft wier d'Stad Lëtzebuerg wärend der Schueberfouer och op d'Victor-Hugo-Hal ugewisen, sou datt een decidéiert hätt, eng Zäit nees zou ze maachen.

"Mir probéieren aner Impfkapazitéiten ze benotzen, bei den iwwer 300 Dokteren, déi de Cahier des charges ënnerschriwwen hunn, bei den Apdikter, bei den Impfbussen déi mer renforcéiere wäerten, bei de mobillen Equippen, déi an d'Altersheemer ginn. An da ginn ech dovunner aus, jee nodeem wéi d'Impfcampagne, dass mer dann am Laf vum September de Victor Hugo an eventuell och aner Impfzenter nees opmaachen."

Wien deen Ament fir eng weider Impfung geruff gëtt, ob dat just spezifesch Alterskategorien oder déi ganz Populatioun ass, ass nach net kloer. Dat hänkt vun enger Rei Inconnuen of, sou de Luc Feller.

"Wéi gesäit de Variant am Hierscht aus, bleiwe mer bei engem Omicron-Variant, dee "gérabel" ass oder kréie mer e Variant deen eventuell méi infektiéis oder méi pathogen. Déi 2. Inconnu natierlech: Wéini kommen déi nei Vaccinen, dat ass eng Fro déi net onwesentlech ass, mir sollen eng ganz Rei Vaccine fir den Hierscht geliwwert kréien. Mir wëssen awer haut nach net, wéini mer déi nei Vaccine geliwwert kréien, well d'Autorisatiounen nach ausstinn."

Hei geet et nämlech ëm Impfstoffer, déi speziell op déi rezentsten Omikron-Varianten ugepasst sinn. Tëschent September an Dezember solle ronn 500.000 Dosisse vum Moderna-Impfstoff an 260.000 Dosisse vum Biontech/Pfizer-Vaccin geliwwert ginn.

Leit iwwer 60 a vulnerabel Persoune sollen awer net op déi nei Impfstoffer waarden, ma sech elo impfe loossen, sou den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit.

"Et huet een natierlech elo e Risiko, fir infizéiert ze ginn an et huet een elo e Risiko, wann een an deene vulnerabele Gruppen ass, altersméisseg oder krankheetsbedéngt, fir eng schwéier Komplikatioun ze maachen. An et soll een net waarden, bis et ze spéit ass. Et soll ee sech elo schützen, wann een an deene Kategorien ass. Dee Vaccin, dee mer elo hunn, dee fonctionéiert ganz gutt, net sou op nei Infektiounen, mee sécher op schwéier Verleef, dat ass ganz kloer bewisen, an et soll ee sech an deem Sënn elo schützen. Et ass net ausgeschloss, dass een eng weider Impfung méi spéit ka maachen. Wann een elo geimpft gëtt, no 3 Méint kéint ee reng theoretesch eng weider Impfung maachen, mat engem adaptéierten Impfstoff. Dat eent schléisst dat anert elo net aus."

Den Zertifikat fir den 1. Booster ass zwar EU-wäit onlimitéiert laang gülteg, ma et géing een dovunner ausgoen, datt spéitstens no engem Joer en 2. Rappell néideg wier. An de leschte Méint hätt de Virus sech ofgeschwächt an et kéint och sinn, datt dat sou weidergeet. Et hätt een allerdéngs keng Garantie, datt net nees eng méi aggressiv Variant kënnt.