Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Zweet Vermësstemeldung: De 17 Joer jonken Tiago Coelho Pereira vu Réimech gëtt gesicht

RTL

© Police

E Sonndeg huet d'Police nach eng zweet Vermësstemeldung erausginn. E Jonke vu 17 Joer vu Réimech gëtt vermësst.

Beim Vermëssten handelt et sech ëm de 17 Joer jonken Tiago Coelho Pereira. Hien huet eng dënn Statur, ass ongeféier 1,85 Meter grouss, huet kuerz brong Krauselen a brong Aen. Iwwer d'Kleedung vum Jugendleche ginn et keng Informatiounen. Hie schwätzt portugisesch, englesch a franséisch. Wien hëllefe kann, soll sech direkt bei der Police vu Réimech um (+352) 244 77 1000 oder per E-Mail op Police.REMICHMONDORF@police.etat.lu mellen oder um 113 uruffen.